Go to :

Marc Weydert

„Lët'z druddel!"

Kabarettistesch Liesung fir Erwuessener

Lëtz druddel!: De Gewënner vum Nationale Lëtzebuerger Literaturconcours 2021 a vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025 kënnt fir en humoristeschen Owend bei Iech!

D’Spill mat der Lëtzebuerger Sprooch, d’Verdréie vu bekannte Geschichten, d’An-d’Lächerlecht-Zéie vun agesiessene Gewunnechten a Klischeeën iwwer Männer am Baumaart a Fraen am Schongbuttek, Krankheeten oder dat allsäits beléiften Thema vun de Vakanzen – all dat ass dem Marc Weydert säin Terrain!

De Marc Weydert, Lëtzebuerger Auteur a Laureat vum Nationale Lëtzebuerger Literaturconcours 2021 a vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025, kënnt fir e lëschtegen Owend voller Ironie, Wuertwitz a Parodie bei Iech. Hie presentéiert säi Kabarett mat humoristeschen Texter a Lidder an engem gesellege Kader.

Mat derbäi sinn och eng nei Versioun vum Reenert, eng méiglech Fortsetzung vun der Maus Ketti an e Roude Léif, deen esou d’Flemm huet, datt hien d’Paart vum Kolmer Schlass klaakt a senger Wee geet, fir eng nei Karriär unzefänken.

Zousätzlech Informatiounen

Partenaires