Jemp Schuster
Spawecken
Den neie Roman spillt an deem fiktiven Duerf „Schëldref“. Am Mëttelpunkt vu Spawecken steet e Bam, den Ampeljong, en alen Nëssert. De klenge Karel fält eng Kéier vum Bam a bleift an engem grousse Spaweck hänken, esou erzielt hien et. Am Alter vu siwwenzéng Joer geschitt en anert Ongléck, dat säi Liewe komplett verännert. 1988 schléit e Blëtz an den Nëssert, an dobäi kënnt et zu enger onerwaarter Entdeckung.
Kann et sinn, datt dem Ampeljong seng Wuerzele bis an den Drëssegjärege Krich, eng vun den däischtersten Zäiten an der Geschicht, zeréckreechen?
De Jemp Schuster ass bekannt als Acteur, Auteur, Kabarettist an Theaterregisseur. Hien huet Kabarettprogrammer, Theaterstécker, ë. a. fir Fräiliichtspektakelen, a Kannertheater geschriwwen.
2020 ass de Roman Bluttsëffer bei der Imprimerie Centrale erauskomm, den éischte Band vun enger Familljesaga, déi 2021 mam zweete Band Ouereschlëffer ofgeschloss gouf. Fir Bluttsëffer krut hien de Lëtzebuerger Buchpräis a war fir de Servais-Präis nominéiert.
2023 huet de Roman Béischten bei Kremart Edition dës Success Story weidergefouert. Dofir krut hien de Publikumspräis beim Lëtzebuerger Buchpräis a gouf nees fir de Servais-Präis nominéiert.
Och den neie Roman Spawecken spillt am Duerfmilieu, do, wou de Jemp Schuster sech doheem fillt.
Wärend der Liesung gëtt Musek vum Claire Parsons ofgespillt.
Zousätzlech Informatiounen
Reservatioun: Reservéiert Är Plazen iwwer E-Mail op bibliotheque@differdange.lu oder iwwer Telefon op der Nummer +352 58 77 1-1920.
Organisatioun: Bibliothèque municipale Differdange