Dungeons and Dragons for Kids
mam Ben Bauler
Bass du prett, an eng Welt voller Magie, Ritter, Draachen a Geheimnisser anzetauchen? Da bass du richteg um „Dungeons and Dragons for Kids“.
Zesummen entdecke mir eng fantastesch Welt, wou dir är eegen Helden erschafe kënnt. Mat e bësse Fantasie, Wierfelen a gudder Laun erliewe mir zesumme spannend Aventuren, léise Rätselen a bekämpfe Monsteren.
Reservatioun: Reservéiert Är Plazen iwwer E-Mail op bibliotheque@differdange.lu oder iwwer Telefon op der Nummer 58 77 1-1920.
Alter: Vun 8-12 Joer
Dauer: 2,5 Stonnen
Organisatioun: Bibliothèque municipale Differdange