Go to :

D’Pensioun nei entdecken

Henri Feit

D’Pensioun ass e ganzt besonnescht Evenement, dat vill Méiglechkeeten ëmfaasst, awer och Erausfuerderungen.

An dësem liewege Virtrag hutt dir d’Geleeënheet, méi erauszefannen an zesummen ze diskutéieren, wéi Dir Iech perséinlech op d’Pensioun virbereeden oder se méi ofwiesslungsräich gestalte kënnt.

Gitt op eng Entdeckungsrees mam Henri Feit, loosst Iech inspiréieren, fir d’Pensioun aus enger neier Perspektiv ze kucken a loosst Ären Iddien, Pläng an Dreem fräie Laf.

Den Henri Feit ass en ausgebilte fräiwëllege Pensiounscoach vum Gero – Kompetenzzenter fir den Alter. Hien ass viru sechs Joer an d’Pensioun gaangen a wollt a senger Pensioun aktiv bleiwen. Dofir huet hien decidéiert, seng Erfarungen am Beräich vun der Pensioun weiderzeginn.

Zousätzlech Informatiounen

  • Sprooch: Lëtzebuergesch
  • Reservatioun bis den 29.10.25: Reservéiert Är Plazen iwwer E-Mail op seniorplus@differdange.lu oder iwwer Telefon op der Nummer 58 77 1-1578.
  • Organisatioun: Service Senior Plus an Gero - Kompetenzzenter fir den Alter