E ganzen Owend mam Luc Spada a sengen Invitéen. Eng Mëschung aus Late-Night-Show, Varieté an Talk. D’Theema fir dës Kéier: Al ginn.
Wéi gëtt ee gutt al? Wéini ass et ze spéit, jonk ze sinn? A wéini gëtt ee schlecht al? Wéi vill Humor, Wëssen a Geloossenheet brauch een, fir gutt gelaunt Richtung gro Hoer ze hippen?
Vu Lifehack aus dem Senioreclub iwwer batterséiss Geschichten aus dem Liewe bis zu den Dreem vun der éiweger Jugend: Dës Editioun steet ganz am Zeeche vum al ginn an al sinn. An dat bescht? Dir sidd alleguerten agelueden, live dobäi ze sinn, well ob Dir et wëllt oder net: Dir gitt all al (wann alles gutt geet).
En Owend wéi eng grouss Tut voller Chaos. D’Aktualitéit gëtt kommentéiert an analyséiert, et gëtt haart iwwerluecht, gelaacht a villäicht och gegranzt.
Grouss Emotiounen, eng Non-Stop-Live-Performance op der Bün, déi fresheste Live-Band, säit et Burritoe gëtt an e Moderator, deen nach keng eenzeg Fal am Gesicht huet (wierklech wouer!).