© Tania Schmitt

75. SALON VUM ART VIVANT

ART CELEBRATION

Éieregäscht vum 75.  Salon: Fernand Bertemes a Roland Wauters

Den Art Vivant feiert dëst Joer, no engem Joer Pandemie, seng 75 Joer. Eng Mëschung vu Kultur a Kulturen, Schweess, Freed an och mol Tréinen hunn den Art Vivant zu deem gemaach, wat en elo ass – en Haus vun enger grousser Famill, wou intressant Gespréicher gehale ginn, wou zesumme gemoolt oder och einfach gelaacht gëtt.

Den Art Vivant huet eng grouss Verantwortung vis-à-vis vu senger Gemeng, well de Veräin um kulturelle Plang eng Stäip an eng Visittekaart fir d’Gemeng a seng Awunner ass. Mer wëlle geziilt och onbekannte Kënschtler virstellen, se aus dem In- an Ausland zesummebrénge mat Kolleegen, déi scho méi Experienz am Fach hunn. Bekannt a renomméiert Kënschtler solle weider de Wee bei eis op Déifferdeng fannen als Invité d’honneur. An och jonk Leit solle begeeschtert gi vum Feier, dat d’Konscht nu mol ustieche kann.

Konscht muss zum Alldag gehéieren. Konscht huet vill verschidde Gesiichter a kann net als helleg an onerreechbar ugesi ginn. Mer solle keng Angscht hunn, nei Weeër ze goen; déi scho gezeechent Pied solle mer dobäi net an den Hannergrond stellen: Mer wëlle si e Stéck vun hirem Wee zesumme goe loossen, fir datt se ni an enger Sakgaass ophalen.

Wa mer zesummen un dat gleewen, wat eis verbënnt – d’Konscht –, da wäerte mer e faarwegen an ureegende Wee virun eis hunn, ëmmer nom Auguste Trémont sengem Saz: „D’Konscht ass eppes, dat mat vill Léift an Aarbecht och bei engem Amateur op eng héich Stuf ka bruecht ginn.“

Monique Sophie Regenwetter
Presidentin vum Art Vivant

27.11.2021 - 19.12.2021
16:00-19:00

Espace H2O

Oberkorn


Entrée libre
Logo CovidCheck Spectacle CovidCheck 3G
(masque facultatif)

Vernissage: 26. Novembre 2021 um 19 Auer 30

Nocturnen bis 21 Auer mat Musek an Action painting:
3. Dezember 2021
10. Dezember 2021
17. Dezember 2021

Opgrond vun der aktueller Lag biede mir Iech, Är Plaze fir de Vernissage per E-Mail info@stadhaus.lu oder per Telefon 58 77 1-1900 ze reservéieren.