Frederick
La Compagnie du Grand Boube
Nom Billerbuch vum Leo Lionni „Frederick“, Pantheon, 1967, an der 27. Sonat a Sol majeur fir Gei a Piano vum Wolfgang Amadeus Mozart (K379). Mat Extraite vun zwee Gedichter vum Michel Lentz („Fréijoer“ aus „Hiérschtblumen“ an „E Päiperlek“ aus „Wantergréng“).
Eng Famill vu Feldmais wunnt an enger Mauer, no bei engem Bauerenhaff. De Bauer ass geplënnert, an d’Scheier ass eidel. Et gëtt Hierscht, an d’Mais musse Provisioune fir de Wanter maachen. Se schaffen all mat, just de Frederick net. Aplaz Fruucht, Mais, Nëss a Friichten am Lach an der Mauer unzeheefen, sëtzt de Frederick do an dreemt. „Firwat schaffs du näischt?“ froen déi aner Mais. „Ma ech schaffen dach!“ seet de Frederick. Hie sammelt Faarwen, Sonn, Musek a schéi Wierder fir déi laang Wanterowenter. Hie gëtt zu engem, deen aus dem Näischt Freed a Schéines erbäizaubere kann… Hien ass e richtegen Artist!
Press
“(…) mech huet beréiert, wéi déi klassesch Musek dat Stéck beräichert an d’Kanner och paakt (…) dat war visuell Poesie! (…) „Frederick“ huet mer alt nees gewisen, wéi schéin et dach ass, mat Emotiounen ze spillen, Sënner ze stimuléieren, an ze weise wat Gefiller sinn (…) an dofir muss een esou Momenter onbedéngt genéissen.”
(Jean-Claude Majerus, radio 100,7 – 12. Juni 2019)