Eng Kroun fir d'Vollek

Déifferdenger Theater

Wat esou ee klenge Virus eis dach schäisse gedoen huet! An nach deet!!!!
Do hätte mer sécher gären drop verzicht… op dee Corona…op esou eng däreg Kroun!
Enger Kroun fir d’Vollek!
A wat en net alles mat eis gemaach huet….dee Virus ! Mir hu Wieder wéi «Pandemie, confinéiert, lockdown» kennegeléiert… Mir hu wéi verréckt online akaf a virun allem gekacht a giess a gedronk… a mir hunn eis souguer lues a lues geännert… Mir hunn den Homeoffice entdeckt… Vill si méi sportlech ginn…méi gesond geliewt… Hu Regime gemaach... Vakanz gouf et just am Ländchen, Kultur um Balcon a Schoul virum Ecran…
Déi eng hunn sech maskéiert an anerer hu queesch geduecht…An du koum d’Impfung an elo? Mee alles hält och mol eng Kéier op…an dann… ?

Op eng lëschteg a witzeg Manéier kucke mir zréck op eng Zäit déi mer soubal net wäerte vergiessen…

Wien hei net laacht ass selwer Schold!

Et spillen: Patricia Breuer, Jean-Marc Calderoni, Nathalie Felten, Roland Flenghi, Rachel Flenghi, Guy Geimer, Marcel Heintz, Claude Leus, Philippe Mentz, Chantal Nether, Jules Orlando, Romain Pierrot
Musek: Suffocate
Regie: Guy Geimer
Assistenz: Romi Bei Angeloni, Muriel Galeazzi

07.08.2021
20:00
08.08.2021
20:00

Parvis vun der Nidderkuerer Kierch


17,00 € (plein tarif)
8,50 € (seniors & jeunes)
1,50 € (Kulturpass)

Les billets à prix réduit (seniors, étudiants...) sont uniquement disponibles à l'Aalt Stadhaus.

Logo CovidCheck Spectacle CovidCheck 3G
(masque facultatif)

Cet événement est sous régime CovidCheck. Le certificat CovidCheck (EU Digital COVID Certificate – EU DCC) est une preuve numérique ou sur papier qu’une personne:

  • a été vaccinée contre la COVID-19
  • a reçu un résultat de test COVID-19 négatif
  • est rétablie après avoir eu la COVID-19

www.covidcheck.lu