Rees(mat)Literatur

Jean Back, Yorick Schmit an Nora Wagener

De Jean Back, de Yorick Schmit an d’Nora Wagener erziele vu Reesen a Weeër – vun enger laanger Rees queesch duerch Europa vun Italien bis op Lëtzebuerg an der Erënnerung un eng grouss Léift, vun de ville Weeër duerch e Bësch an (s)eng Familljegeschicht, a vun enger Vakanzerees op engem Schëff, vun Insel zu Insel a vu Mënsch zu Mënsch.

Eng Liesung op Däitsch an op Lëtzebuergesch aus L’Arc di Marianna, Weeër a Spueren an Alle meine Freunde. Entdeckungsreesen an d’Literatur a mat der Literatur!

09.06.2021
19:30

Aalt Stadhaus

Salle de spectacle


Entrée libre
Logo CovidCheck Spectacle CovidCheck 3G
masque obligatoire

De CNL a Kooperatioun mam Kulturzentrum Aalt Stadhaus Differdange an der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren.

Opgrond vun der aktueller Lag biede mir iech är Plaze per E-mail bibliotheque@differdange.lu
oder per Telefon 58 77 1-1920 ze reservéieren.