Annulé

Keen Doheem

Do, wou eng Zäitche keen doheem ass, sinn d’Mais op eemol Här a Meeschter. A bekannterweis verkommen net nëmmen d’Gebaier, wa se net bewunnt sinn! Och mir komme séier op den Hond, iwwerall do, wou mir d’Kontroll verléieren. Wat sinn dat dach fir skurril Situatiounen, déi mir am Alldag erliewen, wann déi neuronal Schaltzentral duerch iergendeppes ausser Betrib geréit.

A genee aus sou Beobachtungen a perséinlechen Erfarungen eraus huet Tri2Pattes erëm ee fonkelneie Comedy-Programm zesumme gesponnen (elo ëmmerhi schonn déi 3. Editioun!).
Dobäi bleiwe si sech ganz trei mat engem ganz eegene Mix vu Sketcher, Standup, Clownerie, Musek a villem méi. 

Also eng „Affaire à suivre“ an een eendeitegen „Avis aux amateurs du rire“.

Et sief och hei dorun erënnert, dat Tri2Pattes de Benefice vun hirer Tournée och dës Kéier erëm integral un d’Associatioun „EBS Luxembourg“ spent, fir domat de Bau vu Schoulen an defavoriséierte Géigende vum Senegal ze ënnerstëtzen!

15.05.2021
Annulé

Aalt Stadhaus

Salle de spectacle


17,00 € (plein tarif)
8,50 € (seniors & jeunes)
1,50 € (Kulturpass)

Les billets à prix réduit (seniors, étudiants...) sont uniquement disponibles à l'Aalt Stadhaus.

Logo CovidCheck Spectacle CovidCheck 3G
masque obligatoire