Go to :

Op der Juegd -

Opéra du Trottoir

Hätt onse gudden Dicks net déi wonnerschéi Musek zu sengem Koméidistéck Op der Juegd komponéiert, géif d'Stéck wéinst dem net onëmstriddenen Thema "der Juegd" - wuel kaum hautdesdaags nach op Spillpläng ze fanne sinn.

Hätt onse gudden Dicks net déi wonnerschéi Musek zu sengem Koméidistéck Op der Juegd komponéiert, géif d'Stéck wéinst dem net onëmstriddenen Thema "der Juegd" - wuel kaum hautdesdaags nach op Spillpläng ze fanne sinn.
Mee wann d'Opéra du Trottoir sech dësem Thema unhëlt, dann trieden am verschneiten Theaterbësch nët nëmmen d'Frënn vu Jeeërei, vu Bësch a vum Wëld op, mee och d'Kritiker vun deenen Traditiounen kommen - natierlech zum grousse Spaass vum Publikum - zu Wuert an däerfen sech mat hire Positioune onméiglech maachen. An sou versicht dem Carlo Hartmann seng peppeg Mise en scène, op amusant Aart a Weis, eng festgefueren Diskussioun ze entschäerfen.
Eng héichkaräteg Besetzung bréngt déi musikalesch Bijouen (D'Piirle vum Daa, D'Fëscher an Jee'r, Bei mir an onsem Gréit, 'T si vill schéi Rousen an der Stad......) ganz apaart zum glënneren.

Haaptrollen
Yannchen Hoffmann, Jean-Nico Schambourg, Carlo Hartmann, Dany Weiler, Manfred Logeling, Lou Wio, Gisela Bitdinger
Härechouer
Klepper, Dreiwer an Iwwerdreiwer....
Dammechouer
Demonstrantinnen, Protestantinnen....
Musikalesch Begleedung
Romain Welter
Kostümer, Astudéierung
Yannchen Hoffmann
Bühnebild, Inszenéierung
Carlo Hartmann