Go to :

© Wolfgang Osterheld

Myriam Sunnen an Doris Feiereisen

Konferenz a Lecture „Edmond Dune“

D’Déifferdenger kenne säin Numm dank dem Park Edmond Dune, deen drun erënnert, dass de Franséisch schreiwenden Dichter, Schrëftsteller a Journalist, deen 1987 als éischten Auteur mam Batty-Weber-Präis ausgezeechent gouf, als Kand eng Zäit zu Déifferdeng gewunnt an an de 50er-Joren den Zenario fir de Film „Differdange, ma petite ville“ geschriwwen huet. Vu sengem Wierk hunn d’Éditions Phi ënnert der wëssenschaftlecher Direktioun vum Centre national de littérature a mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Kulturministère eng Editioun realiséiert, déi all d’Facettë vu sengem Schafe beliicht: seng Poesie, an där d’Natur, d’Kandheet an d’Léift eng grouss Roll spillen, säin Theater, deen existenzialistesch Zich opweist, seng Prosa, déi vu Kuerzgeschichten a sprëtzegen Aphorisme bis zu laange Contributiounen an der Paräisser Revue Critique reecht, a seng Korrespondenz, déi seng international Vernetzungen, säi Wonsch no Unerkennung am Ausland, mee och seng schillernd Perséinlechkeet a säi mouvementéiert Liewen erëmspigelt – den Edmond Dune war Friemelegionnaire an huet de Krich an der Brigade Piron matgemaach.

D’Myriam Sunnen (Konferenz), detachéiert Franséischprofessorin um CNL, an d’Doris Feiereisen (Lecture), Franséischprofessorin a Benevole um CNL, féieren duerch d’Wierk an d’Liewe vum Edmond Dune an erziele vun hirer Editiounsaarbecht u senger Prosa a Korrespondenz.

Umeldungen:
Reservéiert Är Plazen iwwer E-Mail op bibliotheque@differdange.lu oder iwwer Telefon op der Nummer 58 77 1-1920

Organisatioun:
Organiséiert vun der Bibliothèque municipale Differdange a Collaboratioun mam Centre national de littérature

Partenaires


Ceci pourrait vous intéresser