Go to :

Little Duke

Mir hate keng Chance, mee mir hu se genotzt

Eng Ierfschaft bedeit net onbedingt d’Enn vun alle Suergen. Op jiddwer Fall net fir zwee eeler Frënn, béid Ufank 60, déi no dem Doud vun hirem Adoptivpapp de «Little Duke» ierwen. Den iresche Pub an der idyllischer Ënnerstad vun deem räiche Lëtzebuerg huet seng beschten Zäit well laang hannert sech, ass mëttlerweil héichverschëlt, renovéierungsbedürfteg, awer passt perfekt an de Beuteschema vun de Bauspekulanten, déi dee ganze Quartier sanéiere wëllen.

Wat maachen? Am Rentenalter nach eng Kéier duerchstarten, de Pub nei beliewen oder dem Drock vun de Spekulanten noginn?

De schwierigen, awer clevere Wee vun zwee ale Männer, engem Realist an engem onverbesserlechen Optimist, duerch d’Welt vun de Räichen a Mächtegen.

No der Projektioun fënnt nach eng Diskussiounsronn mam Andy Bausch a mat engem Protagonist vum Film statt.

Besetzung: André Jung, Luc Feit, Valérie Bodson, Marco Lorenzini, Mayson Bossi,...

Realisatioun: Andy Bausch

Dréibuch: Andy Bausch, Frank Feitler

Dekor: Audrey Hernu

Toun: Ken Rischard

Bild: Carlo Thiel

Musek: Serge Tonnar

Produktioun: Paul Thiltges, Adrien Chef

 

Genre: Drama

Dauer: 111 Minutten

Sprooch: Lëtzebuergesch