Go to :

© Jilly Kevo

Jilly Kevo

D’Jilly Kevo benotzt als Technik alles Méigleches, vun Aquarell a Bläistëftsfaarf bis op digitaalt zeechnen mam iPad. Dat zentraalt Thema, wat Si probéiert duerzestellen, setzt sech aus Naturphenomeener, opteschen Illusiounen a verschidden Elementer aus der Mathematik zesummen. Eng grouss Inspiratioun stellt fir d’Jilly Kevo d‘Wierker an Iddien vum Maurits Cornelis Escher duer.

D’Jilly Kevo, ass 19 Joer al a studéiert Physik op der Uni Lëtzebuerg. 

Ëffnungszäiten: Vu méindes bis freides vun 10 bis 18 Auer a samschdes vun 10 bis 16 Auer.