Go to :

Fir Laachen, dréckt 3

Neie Comedy-Programm vun Tri2pattes

Zum Ulass vun hirem 10. Gebuertsdag presentéiert Tri2pattes elo ee besonnesche Jubiläums-Comedy-Programm.

Een Alldag ouni Laachen, dat misst verbuede sinn! An awer ass Laache fir muencheree keng Selbstverständlechkeet! Mir stressen eis, si flemmseg a genervt, granzen, ginn heiansdo richteg rosen, obwuel dat eis meeschtens och net wierklech weiderbréngt! Dobäi, wa mir eis selwer net ëmmer sou eescht géifen huelen, da kéinte mir vläicht souguer iwwert eisen eegenen Eefalt laachen! A genee mat där Astellung géif de Bléck an de Spigel fir muenchereen ënner Ëmstänn ganz nei Perspektiven erginn!

Och an dësem neie Comedy-Programm vun Tri2Pattes ass genee dat de Leitmotiv, an am Fong déi wichtegst Inspiratiounsquell, an dat fir eng Hellewull vu lëschtege Sketcher, Lidder, Dänz, Pantomim a Clownerie. E Moment prall gefëllt mat gudder Laun, dat steet hei um Menü. Och Laachen ass hei eng Optioun, vläicht souguer fir déi, déi dodran zimlech zéi sinn! Traut iech, kommt kucken an iwwerzeegt Iech selwer.