Déi schwaarz Spann vum Déifferdenger Theater

Grousse Fräiliichttheater

Lëtzebuerger éischt Opféierung vun der bekannter Novelle „Die schwarze Spinne” vum Jeremias Gotthelf.


Ëm wat geet et:
Mir sinn am Joer 1910. No enger Daf erzielt de Grousspapp de Gäscht d’Geschicht vun sénger aler Dunn, déi hien a säin Haus mat agebaut huet!


En Haus, dat e puer Joerhonnerte vidrun – mir schreiwen 1340– vu Bauere bewunnt war, iwwert déi e wéischte Ritter geherrscht huet!


Dëse Buerghär huet d’Baueren tyranniséiert an onméiglech Saache vun hinne verlaangt. Wéi se dunn 100 Bichen an engem eenzege Mount hu misse planzen, fir datt de Ritter konnt duerch de Schiet op seng Buerg trëppelen, huet e frieme Jeër séng Hëllef ugebueden! Awer duerfir verlaangt hien en ongedeefte Kand vun de Baueren! Aus Verzweiflung, awer och well se mengen, se kënnten hien uschmieren, gi se den Handel mat him an!


Wéi de Jeër säin Deel vun der Ofmaachung erfëllt huet, hu se séier dat éischt Kand, wat op d’Welt koum, direkt no der Gebuert gedeeft! Se mengen, elo wär alles an der Rei! Ma se wëssen net, wat se domadder vu Leed an Ongléck iwwert d’Duerf bréngen! E Cauchemar fänkt un!

 

14.07.2022
21:00
15.07.2022
21:00
16.07.2022
21:00
17.07.2022
21:00

Miami University

Haff


25,00 € (plein tarif)

Pas de remises accordées pour ce spectacle.

Praktesch Informatiounen:
Ee Spektakel mat iwwert 70
Acteuren mat iwwerdeckter
Tribün fir de Publikum.
Virum an nom Stéck ass fir
Iessen a Gedrénks gesuergt
an engem speziellen Duerf.