Jemp Schuster

Bluttsëffer an Ouereschlëffer méi wéi eng Familljegeschicht

Am éischte Band, „Bluttsëffer“, stinn d’Famillje Gerber, Maltes a Birnbaum vu Grozeg am Mëttelpunkt. D’Erzielerin Fanny léisst hiert Liewen an hir Geschichten, vun 1905 bis 1952, mat allen Héichten an Déiften, lieweg ginn. „Ouereschlëffer“ ass den zweete Band vum Jemp Schuster senger Joerhonnertsaga. De Roman beschreift den Ënnergank vun enger Duerfkultur, tëschent de Joren 1952 an 2005. Déi ural Strukture verschwannen, d’Protagonisten aus der véierter a fënnefter Generatioun ginn aus der Baueregesellschaft vum 20. Joerhonnert an d’Globaliséierung vun den 2000er-Jore katapultéiert.
D‘Ouereschlëffer hunn hir Wuerzelen an de Bluttsëffer. Déi zwéi Bänn gehéieren zesummen. Een eleng ass wéi eng Kutsch ouni Päerd, en Teimer ouni Mëscht oder e Buch ouni Säiten.

Jemp Schuster
Den 29. Februar, op engem Sonndeg, am Joer 1948 gebuer. Um Duerf opgewuess, am Bësch an um Feld grouss ginn. An de Joren 1979 bis 1985 huet en sech lues un den Theatermilieu erugetaascht an dat Handwierk nieweberufflech geléiert an ausgefouert. Vun 1985 bis 2013 war e fräischaffenden Auteur, Acteur a Regisseur am Kabarä, Fräiliichttheater a Kannertheater. Zanter en 2013 an der Pensioun ass, huet en opgehal mat „spillen“. E schreift nach weider fir den Theater an zitt nach d’Fiedem als Regisseur.

25.10.2021
19:30

Aalt Stadhaus

Salle de spectacle


Entrée libre
Logo CovidCheck Spectacle CovidCheck 3G
(masque facultatif)

Organisiert von der Stadtbibliothek Differdange.

Aufgrund der aktuellen Umstände bitten wir Sie, Ihre Plätze per E-Mail an bibliotheque@differdange.lu oder telefonisch an 58 77 1-1920.