Go to :

Complet

20

Makadammen

20 Joer Makadammen! Dat muss gefeiert ginn!
D‘Trupp mécht ee Konveniat, an do luede si all hir „Avataren“ vun deene leschte Joren an a loossen eng etlech flott Momenter Revue passéieren.

Einfach aus der Haut fueren
Fir een Aneren ze ginn
Mir fillen eis wéi neigebueren
Wa mir op der Bün stinn
Aus dem Jeckill gëtt d’Miss Hyde
Aus dem Beauty gëtt e Beast
Aus dem Bonny gëtt e Clyde
A last but not least
Ginn aus lackéiert Fangerneel schaarf Krallen
Aus douce Fraen, Femme fatalen
Wa mir op d’Bün ropklammen
Gi mir: (d’Maggy, d’Monique, d’Susy an d’Théa)

D’MAKADAMMEN

Besetzung: Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor
Musek a musikalesch Begleedung: Netty Glesener
Texter: Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser, Maggy Molitor
Regie: Jacqueline Posing-van Dyck
Dekor: Christian Klein
Kostümer: Christian Klein an Yvette Engel