Go to :

Annulé

© Sebastien Grébille

De Ratefänkert vun Hameln

Gebridder Grimm | Dan Tanson

De Ratefänkert vun Hameln ass eng spannend Mëschung aus der originaler Geschicht a live Musek. Den Dan Tanson huet d’Geschicht selbstverständlech an engem zäitgenësseschem Mäntelchen iwwerschafft a ganz vill Situatiounswitz agebaut. Sou kéint Hameln genee esou gutt zu Lëtzebuerg leien a weist och Ähnlechkeete mam lokalpolitesche Colorit op. Esou mécht den Text de Kanner, ma genee esou den Erwuesse vill Spaass… eng richteg flott Familljevirstellung also.

An och dem Vincent Biwer seng androcksvoll Illustratioune versprieche vill Genoss a Spannung.

Ganz flott ass et och, dass d’Betsy Dentzer als Erzielerin de Juan Carlos Díaz Bueno un der Flütt an d’Louisa Marxen op der Perkussioun fir de Projet gewonne konnt ginn.

Erzielung a Spill: Betsy Dentzer
Querflütt: Juan Carlos Díaz Bueno
Perkussioun: Louisa Marxe
Konzept, Iwwersetzung (L) a Regie: Dan Tanson
Illustratiounen: Vincent Biwer 
Kostümer: Alexandra Lichtenberger 
Produktioun: Philharmonie Luxembourg

Alter: 5 - 10 Joer 
Sprooch: lëtzebuergesch
Dauer: 45 Minutten