Go to :

Alex Bissen et Ben Cuglietta

Den Alex Bissen ass e jonke Kënschtler aus dem Süde vu Lëtzebuerg mee ass momentan op der Uni zu Berlin.

An der Ausstellung wäert hie Wierker aus deene leschten zwee Joer weisen. Seng Biller sinn en absurd Zesummespill vun Zoufall an ironescher Iwwerleeung, ëmgesat op eng faarweg an deelweis ignorant Aart a Weis. D'Biller verweisen am Zesummenhang mam Titel op en zoufällegen Gedankegang, dee meeschtens zum Schmunzelen oder vläicht esouguer zum Iwwerleeën ureegt.

De Ben Cuglietta ass en 19 Joer jonke Student fir Maschinnebau-Ingenieur. Hien inspiréiert sech vun der Street- a Pop-Art-Kultur, mat där hie seng eegen Iddie kombinéiert. An den Tabloe fënnt een Ikone vun deemools, esouwéi vun hautdesdaags a Parallellen, déi Problemer an eiser moderner Gesellschaft opgräifen.

Hien huet d'Zil, seng Biller engem gréissere Publikum ze weisen an dofir ass hien ëmsou méi glécklech, kënnen un dëser Ausstellung deelzehuelen.

 

Vernissage: 7. Juni 2023 um 19.30 Auer
Ëffnungszäiten: Méindes bis samschdes vun 10 bis 18 Auer.

Mir bieden Iech, Är Plaze fir de Vernissage per E-Mail info@stadhaus.lu oder per Telefon 58 77 1-1900 ze reservéieren.