38, avenue Charlotte
L-4530 Differdange
Tél.: +352 58 77 1 - 1900



Horaire de l'accueil:
Lun - ven: 10h-18h00
Samedi: 14h-18h00


Horaire bibliothèque:

Lundi: 14h-19h00
Mar - ven: 10h-18h00
Samedi: 10h-16h00




Concert

Flott
Joe Del Toe a Georges Urwald

Den Duo FLOTT Joe Del Toe (Clownerei) a Georges Urwald (Gesang a Piano) spillt a spillt Lëtzebuerger Geschichten a Form vu bekannten a manner bekannte Lidder. Den alen top’je Man versuergt d’Butschel an der Kaffisdous mat Watt, Ouni Rack an ouni Hiem an ouni Box kënnt net iwwerall gutt un, Un der Atert méich de Bauer Lauer sech naass, wann hie säi Meedche géif retten an Den Noa plädéiert duerfir fir de Wäin, well d’Waasser liewensgeféierlech ass …

Musek, Gesank, Pantomime, Clownerei, Zaubertricken an allméiglech Interaktiounen tëscht Publikum a Kënschtler garantéieren e FLOTTEN Owend.