38, avenue Charlotte
L-4530 Differdange
Tél.: +352 58 77 1 - 1900



Horaire de l'accueil:
lu-ve 10h00-18h00
sa 14h00-18h00


Horaire de la bibliothèque:
lu 14h00-19h00
ma-sa 10h00-18h00




Comédie

Komm laach mat!

De 10. Oktober invitéiert d’Kulturkommissioun vun der Gemeng Déifferdeng op e flotten Dag am Ale Stadhaus wou alles sech ëm d’gudd Laun an d’Laachen dréint.

De ganzen Dag iwwer vu Mëttes 15.00 Auer un bis Owes um 22.00 Auer huet de Publikum d’Méigeléchkeet d’Aalt Stadhaus op eng nei Manéier kennenzeléiren a sech bei flotte Spektakle fir Grouss a Kleng an der Bibliothéik, an de Festsäll an am Bistro ze ameséiren.

Vu Poppentheater, Liesunge fir Kanner, Cabaret, Clownen, Magie an Theater as alles dobäi. Mat ënner anerem dem Déifferdenger Theater, de Nidderkuerer Tuterten, dem Papa Chico, d’Déifferdenger Museksschoul, der Bibliothéik, de Clownen Ludvina et Bouton, Roland Meyer,  Pierre Puth an der Poppespënnchen.

Kommt laacht mat!