Go to :

© Filip Veirman

Emma K

Collectif Bombyx Inspiréiert vum Roman «Der Prozess»

De Moie, wou d’Emma säin 12. Gebuertsdag soll feieren, steet hatt op a freet sech schonn op säi Gebuertsdagskuch. Mee seng Elteren a säi klenge Brudder sinn net do. Anscheinend si si an d’Vakanz, erzielt en Inspekter dem Emma, deen sech lues a lues an eng Méck verwandelt. Hien erkläert dem Meedchen, dass hatt vun elo un ënner Arrest steet a sech viru Geriicht veräntwerte muss. Keen ass am Stand dem Emma ze erklären, wat him virgeworf gëtt.

Hatt mierkt séier, dass mam System vun der Justiz eppes net stëmmt, d’Emma ass e fräie Geescht a gëtt net op. Hatt gleeft net, wat déi aner erzielen a wëll sech seng eege Meenung bilden.

Dëst Stéck inspiréiert sech um Kafka sengem Roman „Der Prozess“ an ass eng Fabel iwwert de fräie Wëllen an d’Hannerfroe vu Fakten, déi scheinbar net ze ännere sinn. D’Emma huet et sengem staarke Wëllen ze verdanken, dass hatt mat der Erfarung wiisst an entdeckt, wat Fräiheet ass.

Spill: Anne Klein
Regie: Pascale Noé Adam
Zeenografie, Kostüm, Video: Nathalie Noé Adam
Videoregie: Allan Goetz
Regie a Produktiounsassistentin: Marie Paule Greisch
Kënschtleresch Kollaboratioun: Adrien Papritz
Stëmmen: Pascale Noé Adam, Adrien Papritz, Anne Klein
Sounddesign: Tom Gatti
Luuchten: Stephan Sikora
Text: Guiseppe Lonobile an enger Iwwersetzung op Lëtzebuergesch vum Josée Klincker
Produktioun: Bombyx
Koproduktioun: Rotondes, opderschmelz, Cube 521
Ënnerstëtzung: Ministère de la Culture


Alter: ab 10 Joer
Dauer: 60 Minutten
Sprooch: Lëtzebuergesch