De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen si schneekeg!

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrouse sinn no laanger Rees erëm zréck am Hafen zu Lëtzebuerg. Nodeems de Kapitän Mullebutz a seng Crew duerch hiert villt Gewibbels an Héichform sinn, kënne si mat guddem Gewëssen erëm op hire Bauch lauschteren, gutt iessen a schneeken, mmm! Pechege Kachkéis, en Zapp-Ee, eng laang Zoossiss a gaaaaanz vill Schockela.

De Mullebutz a seng Crew invitéieren all kleng a grouss Piraten, fir mat hinnen ze sangen an ze danzen. Dir dierft och gäre verkleet kommen!

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrouse si schneekeg! ass den drëtten Deel vun der beléifter Matmaach-Concerts-Serie fir Kanner vu 4 bis 9 Joer an hir erwuesse Begleeder.

Produktioun: AllerRetour a.s.b.l. & Philharmonie Luxembourg
Koproduktioun: Escher Theater, Centre culturel régional Aalt Stadhaus Differdange, Trifolion Echternach

E Spektakel op Lëtzebuergesch an op däitsch Gebäerdesprooch.

 

27.01.2023
Séance scolaire 09:00
27.01.2023
Séance scolaire 10:30
27.01.2023
Séance scolaire
Complet
30.01.2023
Séance scolaire 09:00
30.01.2023
Séance scolaire 10:30

Aalt Stadhaus

Salle de spectacle


12,00 € (plein tarif)
6,00 € (seniors & jeunes)
1,50 € (Kulturpass)

Les billets à prix réduit (seniors, étudiants...) sont uniquement disponibles à l'Aalt Stadhaus.

Iddi, Konzeptioun a Gesank: Dan Tanson
Arrangementer, Piano, Akkordeon, Klackespill: Georges Urwald
Arrangementer, Elektronik a Getrommels: John Wolter
Gittar: Christian Peckels
Bassgei: Tom Wiot
Trompett: Jhang Kohnen
Gei a Gesank: Noémie Leer
Trombonn: Patrick Wilhelm
Saxophon: Jessica Quintus
Gebäerdesprooch: Véronique Steinmetz
Tountechnik: Georges Majerus
Luucht: Bert Marijsse
Kostümer: Anne-Marie Herckes
Visuals & Animatiounen: Claude Grosch
Choreographie: Nathalie Moyen