Go to :

76. salon vum Art Vivant

Art Diversity

Invitée d'honneur: Gabi Wagner

Den Art Vivant ass aus dem Veräinsliewen zu Déifferdeng net méi ewechzedenken.

Hien ass e wichtege Pilier an der lokaler Kulturszeen, wou d’Memberskënschtler hir Wierker zesumme mat renomméier- ten Invitéë kënne weisen.

Och d’Jugendaarbecht ass ganz wichteg, well et gëtt op all Salon ee Kënschtler vun der Jugendkonschtwoch an d’Vitrinn gesat an esou fir säi Fläiss a säin Talent belount.

Dëst Zesummespill bréngt Leit beieneen, déi sech ee vun deem aneren inspiréiere kënnen, sech austauschen a vunenee léieren. Nëmmen esou ass eng permanent Evolutioun an der kënschtlerescher Recherche vun alle Participante méiglech a vermëttelt dem Visiteur eng diversifiéiert, faarweg, spannend an trotzdeem ganz harmonesch Visioun vun der plastescher Konscht.

Depuis plusieurs mois, la pandémie n’en est plus une et nos artistes peuvent à nouveau tâtonner vers tous les horizons pour s’inspirer. Voyager, participer à des workshops, stages, visites d’expositions, toute diversité est bonne pour une ouverture d’esprit et nous guider vers des chemins nouveaux, tant en techniques picturales ou sculpturales, qu’en choix de sujets actuels. Je vous donne rendez-vous pour notre 76e Salon Diversity.

Monique Sophie Regenwetter présidente de l’Art Vivant de Differdange

 

Fräien Entrée Vernissage: 11. November 2022 um 19 Auer 30

Ëffnungszäiten: Donneschdes bis Sonndes vun 16 bis 19 Auer

Mir bieden Iech Är Plaze fir de Vernissage per E-Mail info@stadhaus.lu oder per Telefon 58 77 1-1900 ze reservéieren.