Germaine Goetzinger a Christiane Brassel-Rausch

Lëtzebuerger Déngschtmeedercher zu Bréissel an zu Paräis

Vum Enn vum 19. Joerhonnert bis zum 2. Weltkrich si vill Lëtzebuerger Meedercher op Bréissel oder Paräis an den Déngscht gaangen. Si stinn am Mëttelpunkt vun der Konferenz, déi op eng Rei vu Froen ageet, déi de Parcours vun den Déngschtmee- dercher charakteriséieren an déi deemools oft kontrovers diskutéiert goufen. Wéi huet een eng Plaz fonnt a wouran huet d’Aarbecht bestanen? Wat huet en Déngschtmeedche verdéngt? Wéi huet seng Fräizäit ausgesinn a wéi ass et iwwert d’Ronne komm, wann et krank gouf oder seng Plaz verluer huet? War et fäeg, sech erëm an d’Duerfgemeinschaft ze integréieren, wann et heem komm ass?

D’Liewen am Déngscht zu Bréissel oder Paräis gëtt veranschaulecht duerch Bréiwer vun Déngschtmeedercher, Zeitungsartikelen a literaresch Texter, déi vum Christiane Rausch gelies ginn.

Partenaires

03.10.2022
19:30

Aalt Stadhaus

Salle de spectacle


Entrée libre

Organiséiert vun der Bibliothèque municipale Differdange

Reservéiert Är Plazen iwwer E-mail op

bibliotheque@differdange.lu

oder iwwer Telefon op der Nummer

58 77 1-1920