Go to :

© Lisa Bildgen

D‘Léierpersonal vun der Gemeng Déifferdeng hate sech Gedanke zum kreativen Alldag an de Schoule gemaach an aus dëse Gedanken ass dann eng KreativWoch entstanen, an där d’Kanner d’Welt vun der Konscht an den Alldag vum Kënschtler méi no bruet kruten.

D'Schoulklasse vun der Déifferdenger Gemeng entdecken wärend enger ganzer Woch an diversen Atelieren ënnerschiddlechen Themen, wéi Fotografie, Film, Drock, Graffiti oder och abstrakt Konscht. Hei kréie si dann d'Méiglechkeet, hir eege Wierker ze kreéieren an hirer Fantasie freie Laf ze loossen. D’KreativWoch gëtt dann ofgeschloss mat enger Ausstellung wou dann d’Wierker vun de Kanner presentéiert wäerte ginn.

Vernissage:

17 juin 2022 à 19 heures