Go to :

© Photo AW

JACQUES STEFFEN

De Jacques Steffen, gebuer 1960 an der Stad Lëtzebuerg, huet franséisch Literatur zu Stroossbuerg studéiert. Vu 1985 bis 2009 war hie Franséischprof am Lycée Privé Fieldgen a vun 2009 bis 2019 wëssenschaftleche Mataarbechter am Literaturarchiv (CNL) zu Miersch.

Hie schreift Rezensiounen a Bäitreg an der Lëtzebuerger Press, e Psychokrimi fir Erwuessener a Geschichte fir Kanner a Jugendlecher. An der Wochenzeidung Woxx huet en 2001 d’Kuerzgeschicht Den Zinemasowend erausbruecht. Si illustréiert de leidege Problem vun de Behënnerteplazen.

Organiséiert vun der Déifferdenger Bibliothéik an Zesummenaarbecht mam Chancëgläichheetsservice.

Opgrond vun der aktueller Lag biede mir Iech, Är Plaze per E-Mail bibliotheque@differdange.lu oder per Telefon 58 77 1-1920 ze reservéieren.