Go to :

© Le Musée de la Police Grand-Ducale

FRAEN AN DER POLICE

LE MUSEE DE LA POLICE GRAND-DUCALE

Nom Succès 2019 am Zentrum an der Belle Etoile a zu Miersch, an 2020 am Süden zu Téiteng mat véier Haapttheemen ass de Policemusée 2021 erëm op Tournée am Süde vum Land. Op Initiativ vun der Stad Déifferdeng, ass d’Ausstellung am Hierscht am Kulturzentrum Aalt Stadhaus ze gesinn.

Ënnert dem Motto Fraen an der Police gi folgend Theemen engem méi breede Publikum virgestallt:

Fraen an der Police (1979 sinn déi éischt zwanzeg Fraen an de Polizeidéngscht komm);
• Fraen an der Spezialunitéit (1979 ass nom Virbild vum däitsche GSG9 bei der Gendarmerie dës Unitéit op d’Bee gestallt ginn);
• Fraen an der Verkéierspolice (Kolleeginnen um Policemoto);
• Fraen och an der Gendarmerie (no der Police huet och d’Gendarmerie 1980 Frae rekrutéiert).

An der Ausstellung ze gesinn ass eng kleng Auswiel vu Fotoen, Dokumenter, Uniformen, Ausrüstungsgéigestänn a villes méi aus der polizeihistorescher Sammlung vum Musée de la Police Grand-Ducale, a Verbindung mat de véier Theemen.

D’Ausstellung ass selbsterklärend awer op Wonsch kënnen och geféiert Visitte gemaach ginn. Living Library Den 30. November 2021 vun 9 bis 11 Auer fënnt en Austausch mat Polizistinne statt, déi iwwert hir haiteg a deemoleg Erfarunge berichten. Wat ware fir si déi gréissten Erausfuerderungen a wéi hunn déi männlech Aarbechtskolleege reagéiert?

Vernissage: 18. November 2021 um 19 Auer

Living Library
Alter: bis 13 Joer
Opgrond vun der aktueller Lag biede mir Iech, Är Plaze fir de Vernissage a fir de Living Library per E-Mail info@stadhaus.lu oder per Telefon 58 77 1-1900 ze reservéieren.