Jhemp Hoscheit

Tëschent den Zeilen

E musikalesche Liesowend mat Satir, Prosa a Poesie mam Schrëftsteller Jhemp Hoscheit an dem Museker Jules Arpetti.

Fir dee besonnesche Liesowend hunn déi zwee Artisten en ofwiesslungsräichen, literaresch-satiresche Programm zesummegestallt.
Si spillen en Deel vun hirem satiresche Réckbléck – „Fréier wor alles …“ – mat deem si zënter Januar 2020 mat groussem Publikumserfolleg schon zwanzegmol op Tournée waren.

De Jhemp Hoscheit liest och Ausschnëtter aus sengem neie Roman „Tëschent den Zeilen“.

De Jhemp Hoscheit trëtt am Rollespill mam Museker a Gittarist Jules Arpetti op, deen net nëmmen Textinterpret ass, mee och mat de passende Songen an Oldies fir déi zousätzlech musikalesch Begleedung suergt.

Partenaires

30.01.2023
19:30

Aalt Stadhaus

Salle de spectacle


Entrée libre

Organiséiert vun der Bibliothèque municipale Differdange
Reservéiert Är Plazen iwwer E-Mail op bibliotheque@differdange.lu oder iwwer Telefon op der Nummer 58 77 1-1920.